CR358Accident tëscht Reisduerf an Iermsdref - 1 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Accident tëscht Reisduerf an Iermsdref - 1 Blesséierten
E jonke Chauffer huet e Méindeg de Moien aus bis elo nach net gekläerte Grënn d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer a sech e puer Mol iwwerschloen.

De Won ass um Dag leie bliwwen. Den Automobilist gouf dobäi blesséiert a gouf och an d'Spidol bruecht.

E weideren Accident mellt de CGDIS um CR325 tëscht Clierf an Draufelt géint 7.10 Auer. Hei ass en Auto de Rampli erofgerëtscht. De Bilan ass 1 Verwonnten.

Back to Top
CIM LOGO