TraficAccident tëscht 3 Camionen op der A1

RTL Lëtzebuerg
Gréisseren Accident mat méi Gefierer en Donneschdeg géint 11:20 Auer op der A1 a Richtung Tréier tëscht dem Tunnel Houwald an der Ausfaart Sandweiler/Hamm.
© ITLF

E Camion stoung queesch op der Autobunn, am Ganze waren 3 Lkws am Accident verwéckelt. E Chauffeur gouf a senger Kabinn ageklemmt an huet misse vu Rettungsekippen erausgeholl ginn. Dës Persoun koum och no enger 1. Kontroll an d'Spidol, genee sou wéi e weidere Camionschauffeur.

Dowéinst war bis op Weideres eng Vollspärung op der A1 a Richtung Tréier, tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Ausfaart Sandweiler/Hamm. Zäitweis gouf eng Spuer opgemaach, ma et gëtt geroden d'Streck groussraimeg z'ëmfueren. Eng Deviatioun gouf placéiert.

© CITA

De Réckstau goung géint 12 Auer bis d'Gaasperecher Kräiz an a Géigerichtung bis op d'Héicht vum Kierchbierg. Et soll een déi Géigend wa méiglech wäitraimeg ëmfueren.

Géint 14.50 Auer gouf et zu Beetebuerg an der Route de Luxembourg eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer, hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO