A1Accident op Héicht Waasserbëlleg - 1 Persoun gouf schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
No engem Accident op der Tréierer Autobunn a Richtung Lëtzebuerg huet de Rettungshelikopter misste geruff ginn.

Géint 14.40 Auer ass der Police een Accident op der A1 a Richtung Lëtzebuerg gemellt ginn. Éischten Informatiounen no ass hei eng Persoun schwéier blesséiert ginn.

Eng Automobilistin ass d'Opfaart hannert engem Camion gefuer an uschléissend mat hirem Gefier iwwerschloen. D'Fra ass net selwer aus dem Auto erauskomm, hir konnt allerdéngs séier gehollef ginn. Zur Kontroll ass si an d'Spidol bruecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO