Escher AutobunnAccident mat 4 Autoen a Richtung Esch

RTL Lëtzebuerg
Dat Ganzt ass geschitt en Donneschdeg géint 14.30 Auer op der Héicht vun der Jonctioun Esch-Lankelz, do wou et eriwwergeet op d'A13 a Richtung Péiteng.

Et koum zu Perturbatiounen am Trafic. Et gouf bis zu 9 Kilometer Stau. D'Spuere sinn elo awer nees alleguerten op.

3 Persoune si beim Accident blesséiert ginn.

Eng weider Kollisioun gouf et en Donneschdeg am Nomëtteg um Kierchbierg an der Avenue John F. Kennedy. Hei waren 3 Ween aneneegerannt. Och hei sinn 3 Persoune verwonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO