
D'Police mellt e Sonndeg de Mëtten en Accident mat 4 Autoen hannert dem Waldhaff a Richtung Gonnereng.
Déi éischt zwee Gefierer hu wéinst Zéifloss gebremst, well awer déi zwee Autoen hannendrun net gebremst kruten, koum et zu engem Accident.
6 Erwuessener an zwee Kanner koume fir eng Kontroll an d'Spidol komm.
D'Streck war kuerz gespaart, ass awer nees komplett op fir den Trafic.
