
Den Abriecher hat sech duerch d'Bascht gemaach, wéi dëse vun engem Bewunner vum Haus entdeckt gouf. An engem Rond-point an der Lëtzebuerger Strooss gouf déi verdächteg Persoun du vun der Police gestoppt, dat nodeems eng Persounebeschreiwung op d'Persoun gepasst hat.
Hei huet d'Persoun nach eemol versicht ze flüchten, ma gouf awer vun der Police gestallt, dat mat engem Rucksak, an deem Geschier dra war, fir anzebriechen. De Mann koum op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter.
Da mellt d'Police nach, datt een an der Uelzechtstrooss zu Esch en Dealer beim Verkafe vun Drogen erwëscht huet, dat e Mëttwoch den Owend géint 22 Auer. D'Beamten haten de Verkaf observéiert an hunn den Dealer kuerz drop gestoppt a kontrolléiert. Bei him goufe 37,1 Gramm Haschisch an 1,2 Gramm Kokain fonnt, donieft eng kleng Zomm Boergeld. De Parquet gouf informéiert, de Mann gouf verhaft a koum virun den Untersuchungsriichter. D'Drogen an d'Sue goufe saiséiert.