PoliceAbriecher festgeholl, dee gemaach huet, wéi wann e géing schlofen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moien um 5 Auer gouf an der Stad e Mann festgeholl, well Dësen an e Méifamilljenhaus agebrach war.

An der Rue du Verger zu Bouneweg gouf eng Persoun gemellt, déi an e Gebai agebrach war. Wéi d'Police op d'Plaz koum, huet si d'Gebai duerchsicht an am Keller vum Haus eng Persoun fonnt, déi sou gemaach huet, wéi wa si géing schlofen. De Parquet huet ordonéiert, de Mann festzehuelen. Um selwechten Dag koum de Mann virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO