PoliceAbréch zu Hesper, Steebrécken a Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am spéiden Nomëtteg oder fréien Owend gouf zu Hesper an der rue Jos Sunnen an en Eefamilljenhaus agebrach.

Den Täter war iwwer eng Kellerfënster an d'Wunneng erakomm an huet do e puer Wäertgéigestänn geklaut.

Och e Sonndeg am Nomëtteg gouf zu Steebrécken an en haus an der rue de Luxembourg agebrach.

Zu Schëffleng am Naturschutzgebitt "Am Brill" gouf an d'Bud vun engen Natur- an Ëmweltveräin agebrach.

An alle Fäll gouf eng Enquête an d'Weeër geleet an eng Plainte gemaach.

Back to Top
CIM LOGO