
Zu Gilsdref huet en Awunner gemierkt, wéi an der route de Broderbour kuerz virun 19 Auer zwee Männer a säin Haus agebrach waren. Déi Onéierlech konnte flüchten an och eng Sichaktioun ass ouni Erfolleg op en Enn gaangen.
Weider Abréch gouf et an der rue Nicolas Meyers zu Käerjeng, an der rue des Carrières zu Stroossen, an zu Kënzeg "am Bongert".
Um Belair goufen direkt an 3 Wunnengen agebrach, dat an der route d'Arlon, Val St. Croix an um Boulevard de Verdun. Zu Märel gouf et nach en Abroch an der rue Auguste Neyen.