
Um Briddel gouf tëscht dem 31. Dezember um 16h30 an dem 1. Januar um 16 Auer an en Eefamilljenhaus agebrach. Den oder d'Täter hu wuel eng Leeder benotzt, déi hannert dem Haus loung, fir bei eng Fënster um 1. Stack ze kommen, déi se dunn opgebrach hunn.
Zu Bouneweg war den Abroch tëscht owes 20.30 Auer an dem anere Moien um 9.30 Auer. D'Zil vun dem oder den Abriecher war an dësem Fall e fräistoend Haus an der Rue Pierre Krier. Eng hënnescht Dier war wuel net richteg zou, wouropshin d'Abriecher liicht Spill hate fir an d'Haus ze kommen.
A béide Fäll gouf d'Spueresécherung op d'Plaz geschéckt.
Wat geklaut gouf, präziséiert d'Police net an hirem Bulletin.
Wéi schützen ech mech virun Abréch? Informatioune vun der Police