PoliceAarbechter zu Fëlschdref schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Den Dënschdeg de Mëtteg ass et op der Kräizung "Am klengen Eck - Woneschwee" zu engem graven Aarbechtsaccident komm.
police,polizei
police,polizei
© police,polizei

De Mann krut e staarke Stroumschlag vun engem Kabel, deen am Gruef louch. Hien huet sech beim Virfall d'Hand schwéier verbrannt.

De Blesséierten ass vum Noutdéngscht op der Plaz behandelt an duerno an d'Spidol bruecht ginn.

D'Inspection du travail et des mines (ITM) ermëttelt an dësem Fall.

Back to Top
CIM LOGO