Op engem Chantier zu DéifferdengAarbechter gëtt liicht blesséiert, Police an Ambulanz waren op der Plaz

RTL Lëtzebuerg
Wéi et säitens der Police heescht, ass engem Aarbechter e schwéieren Objet op der Fouss gefall.
© Mobile Reporter

En Donneschdeg de Mëtteg koum et géint 14:30 Auer op engem Chantier zu Déifferdeng op der Kräizung tëscht der Montée du Wangert an der Rue des Jardins zu engem Aarbechtsaacident, bei deem eng Persoun op engem Chantier blesséiert gouf.

Wéi et op Nofro bei der Police heescht, ass engem Aarbechter e schwéieren Objet op de Fouss gefall a gouf dobäi liicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO