IechternachAarbechter fält e puer Meter an d'Déift a stierft u senge Blessuren

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie koum et op engem Chantier zu Iechternach an der Rue de la Gare zu engem déidlechen Aarbechtsaccident.
© Domingos Oliveira

En 51 Joer ale Mann aus dem Weste vum Land ass vun der 3. Etage e puer Meter an d'Déift an e Schacht gefall. De Samu war op der Plaz, konnt awer näischt méi fir de Mann maachen. Hien ass nach sur place u senge Verletzunge gestuerwen.

De Miess- an Erkennungsdéngscht an d'ITM waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO