Aarbecht zu Lëtzebuerg war Theema an der Emissioun Background. Invitée am Studio war ënner anerem d‘Direktesch vun der ADEM, Isabelle Schlesser.
Et géif dem Lëtzebuerger Aarbechtsmarché net méi esou gutt goen, wéi nach virun e puer Joer, ma d‘Situatioun am Verglach mam leschte Joer hätt sech awer verbessert. Aktuell komme manner wéi 1,5 Prozent un Aarbechtsplaze pro Joer bäi. An der Zäit louch deen Taux bei 3 Prozent. Trotzdeem wier den Aarbechtsmaart nach ëmmer ganz dynamesch, betount d‘Isabelle Schlesser. Ëmmerhi ginn all Joer méi wéi 140.000 Leit rekrutéiert.
Antëscht ass méi wéi een Drëttel vun de Leit, déi bei der Adem ageschriwwe sinn, héich qualifizéiert. An déi Grupp wiisst am stäerksten. E groussen Deel vun den héich qualifizéierte Leit, déi aktuell am Chômage sinn, kommen iwwerdeems aus dem Net-EU-Ausland. Dat wieren net nëmme Flüchtlingen, ma och sougenannten Expats, erkläert d‘Isabelle Schlesser. Déi wieren dacks fir e spezifeschen Job aus dem Ausland rekrutéiert ginn. Gläichzäiteg wieren et awer och déi Kandidaten, déi am séiersten erëm eng nei Aarbecht fannen.
Besonnesch schwéier hunn et eeler Leit, déi hiren Job verléieren. Dofir géif et keen objektive Grond, seet d‘Direktesch vun der Adem. Ma um Terrain geséich een, datt déi Leit sech ganz schwéier géifen doen, eng nei Aarbecht ze fannen, wa si bis eng Kéier aus der Aarbechtswelt eraus sinn.
Allgemeng ass d‘Diskrepanz tëscht der Offer an der Demande immens grouss, seet iwwerdeems de Conseiller fir Demandeure bei der ADEM, Alex Mutombo am RTL Interview. Deementspriechend schwéier wier et fir Leit ze vermëttelen. Vill Demandeuren hätten d‘Gefill, datt Patrone Leit siche mat onrealistesche Profiller.

Den Alex Mutombo bedauert dann och, datt vill Leit guer keng Äntwerten oder soss Feedback op hir Demandë kréichen. E weidere Phenomen, mat deem Leit ouni Aarbecht ze kämpfen hunn, ass dee vun de Virurteeler. Déi géife meeschtens guer net stëmmen, fënnt den Adem-Conseiller.
Déi grouss Majoritéit wéilt schaffen a wéilt net vum System profitéieren. Et géif net eleng um Wëlle leien, ob een eng Aarbecht fënnt op dësem schwieregen Aarbechtsmarché, betount den Alex Mutombo. Ënnert de Chômeure géif et déi selwecht Diversitéit wéi an der Gesellschaft insgesamt, seet och d‘Isabelle Schlesser.
De Probleem vu schwaarze Schof, déi vum System profitéieren, wier schwéier ze chiffréieren.
Zum Beispill géif et Leit, déi net méi an deem Beruff wéilte schaffen, dee si virdru gemaach hunn. Dat wier delikat fir d‘Adem, seet d‘Isabelle Schlesser. Notamment wann dat an engem Beräich ass, an deem vill gesicht gëtt, wéi dem Horeca-Secteur.
D‘Ekonomistin Christina Gathmann vum Fuerschungsinstitut LISER betount, wéi ongewéinlech de Lëtzebuerger Aarbechtsmarché ass. Grad och well hei Leit aus der ganzer Groussregioun schaffen. Nei wier, datt vill Leit an de Grand-Duché schaffe kéimen, déi vu méi wäit kommen. Déi géifen awer och statistesch gesi séier erëm fortgoen.
Weider erkläert si, datt de Staat e groussen Afloss op den Aarbechtsmarché huet. Dee wier segmentéiert duerch d‘Sprooch respektiv d‘Nationalitéit. Dat wier u sech net de Probleem. Ma d‘Diskrepanz tëscht den Aarbechtskonditioune wier schwiereg fir de Privatsecteur, esou d‘Christina Gathmann.
Trotz allem bleift de Lëtzebuerger Aarbechtsmarché ganz attraktiv, fënnt d‘Isabelle Schlesser. Doduerch kéimen d‘Leit vun ëmmer méi wäit. An déi wieren och Konkurrenz fir déi Leit, déi hei am Chômage sinn.

D‘Sproochekompetenze wieren immens wichteg. An dacks fuerderen d‘Patrone méi Sproochkompetenzen, wéi d‘Leit hunn, esou d‘Direktesch weider.
Et géif och eng staark Volontéit vun Auslänner a Frontalieren, fir Lëtzebuergesch ze léieren. Wéi eng Sprooch een als éischt soll léieren, wann een an d‘Land era kéim, géif vum Secteur ofhänken, an deem ee wëll schaffen. D‘Lëtzebuergesch wier virop eng Integratiounssprooch.
Déi kënschtlech Intelligenz wäert den Aarbechtsmarché massiv veränneren, betounen esouwuel d‘Ekonomistin Christina Gathmann vum Fuerschungsinstitut LISER, wéi och d‘Isabelle Schlesser. Dofir musse Kompetenzen am Beruff scho verännert ginn, fir sech un d‘KI unzepassen, mengt d‘Christina Gathmann. Betraff wiere virop d‘Finanzplaz an de klassesche Bürosjob.
Wat d‘KI um Enn awer wierklech verännert, kann aktuell awer nach kee soen.
Eng Etüd vum Statec huet erginn, datt 90 Prozent vun de Beruffer zu Lëtzebuerg wäerte vu KI beaflosst ginn. Ma nëmmen 10 Prozent géifen doduerch riskéieren ewechzefalen. Dat wiere virun allem administrativ Beruffer. Domat wieren d‘Fraen an d‘Lëtzebuerger am Stäerksten dovu betraff. Dowéinst ass et wichteg, sech iwwerhaapt emol mat KI ze beschäftegen, réit d‘Isabelle Schlesser.
Déi Haaptverännerung um Aarbechtsmarché ass d‘Vitess, mat där ee sech muss upassen. Et muss ee sech permanent weiderbilden. Dat ass een zwar net gewinnt, ma ka ganz positiv sinn, fënnt d‘Direktesch vun der Adem.
Esouwuel d‘Fuerscherin vum Liser wéi och d‘Direktesch vun de Adem géife jonke Leit roden, eppes ze maachen, dat hinne gefält. Gläichzäiteg sollte Jonker oppe bleiwen, fir dat wat um Marché gesicht gëtt.
Mënschlech Fäegkeeten, wéi d‘Kapazitéit fir sech unzepassen an d‘Kommunikatioun, wieren nach ëmmer dat, wat den Ënnerscheed mécht, tëscht zwee equivalente Kandidate, seet d‘Isabelle Schlesser.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.