Michel ReckingerA Fall vu Lockdown brauche Betriber séier finanziell Hëllef

Pierre Jans
Christophe Hochard
Den zukünftege President vun der Union des Entreprises fuerdert d'Regierung dann och op, de méigleche Lockdown séier ze kommunizéieren.

Wann nees haart iwwer e komplette Lockdown geschwat gëtt, da stelle vill Patrone sech nees Froen. Dofir fuerdert den zukünftege President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen, de Michel Reckinger, dass d'Regierung hir eventuell Pläng séier kommunizéiert. D'Betriber bréichten, am Fall wou, och séier finanziell Hëllefen.

Michel Reckinger iwwer méigleche Lockdown / Pierre Jans

Fir e Betrib ass et ëmmer besser, e ka schaffen, betount de Michel Reckinger, selwer Patron vun engem groussen Handwierkerbetrib.

Am éischte Lockdown hätte vill Entreprisen sech um Lafe gehale mat deem, wat si gespuert haten a mat séieren Hëllefe vum Staat. Déi bréicht et och bei engem zweete Lockdown, seet de President vun der UEL Michel Reckinger:

"Beim éischte Lockdown gouf et déi Avancen um Chômage Partiel. Deen huet ganz villen Entreprisë gehollef. Do war Cash Flow do. Do konnte Suen direkt geholl ginn, fir d'Leit ze bezuelen. Duerno an elo och nach ëmmer, muss een de Chômage Partiel umellen, fir en dann duerno ausbezuelt ze kréien. Mir soen ëmmer erëm, dass déi Sue misste méi séier kommen. Och déi nei gestëmmten Aide musse séier kommen! Wann déi no 3 Méint kommen, ass et ze spéit."

De Michel Reckinger ass och President vun der Handwierkerfederatioun. Hie wéist vun enger Partie Betriber, déi wierklech Schwieregkeeten hätten. Bei all neie Mesurë muss eng Entreprise genee ofweien, wéi eng Strategie, fir ze funktionéieren, déi Beschten ass. De Michel Reckinger fuerdert, dass d'Regierung d'Entreprisë fréi genuch iwwer e Lockdown informéiere géif.

"Mir musse genee wëssen, wie kann opmaachen oder muss zoumaachen. Erënnert iech: deemools waren d'Garagen zou. Duerno ass awer gesot ginn, dass een d'Pneuen awer dierf wiesselen. Mir brauchen eng kloer Ausso iwwer wat geet a wat net geet, fir dass mir eis an de Betriber net mussen ufänke Froen ze stellen, an eventuell déi falsch Decisiounen ze huelen.''

Déi ganz grouss Roserei bleift awer aus. Ëmmerhin ass dës Zäit mat ville Feierdeeg a Congéë fir d'Handwierk souwisou méi eng roueg. Am Commerce berouegt sech d'Situatioun no de Feierdeeg och vläicht e bëssen, gëtt de President vun der UEL zou.

''Et ass sécherlech gënschteg, et elo ze maachen, wärend zwou oder dräi Wochen. D'Schoulvakanz ka vläicht eng Woch verlängert ginn. Dat kritt ee sécher besser organiséiert, wéi wann et matzen am Januar oder am Februar elo wär.''

Wann e Lockdown, dann elo, seet also den Michel Reckinger, zukünftege President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen.

Back to Top
CIM LOGO