Covid-Kontrollen90 Leit kruten en Avertissement taxé, gréisstendeels wéinst der Ausgangsspär

RTL Lëtzebuerg
An der leschter Woch huet d'Police nees ronn 210 Kontrollen am Kader vun der Corona-Pandemie duerchgefouert.

A 75% vun de Kontrolle stoung d'Ausgangsspär am Fokus, ma och gréisser Usammlunge vu Mënschen an d'Respektéiere vun den Hygiènesreegelen an den Akafszentere goufe kontrolléiert.

A 4 Fäll hunn d'Beamte misse Protokoller ausschreiwen, well sech net un d'Reegele gehale gouf, dorënner eng gréisser Versammlung vu Mannerjäregen.

Back to Top
CIM LOGO