Coronavirus zu Lëtzebuerg9 Mënsche gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt 9 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL Archivbild

Am Ganze sinn et elo 369 Doudeger.

Aktuell sinn 203 (+1) Patienten hospitaliséiert, dovunner 43 op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 9.246 aktiv Infektiounen, 29.896 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02 . Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport vun der Santé gouf nodréiglech vun hirem Site geholl. Als Grond huet een hei en technesche Problem uginn an och annoncéiert, datt och den 9. Dezember kee Rapport journalier vun der Santé wäert kommen.

Wéinst dem Feeler waren d'Zuele vun de Leit, déi positiv op de Virus getest goufen, net koherent. D'Santé hat gemellt, datt vun 9.116 Tester der 388 positiv waren an et am Total bis ewell 39.511 Leit positiv getest goufen. Et hätt een Demarchen an d'Weeër geleet, fir de Problem ze behiewen. D'Rapporte ginn nogereecht, esoubal de Problem behuewen ass.

De Communiqué

Erreur dans les statistiques publiées dans le rapport journalier du 8 décembre (09.12.2020)

Communiqué par: ministère de la Santé

 

Le ministère de la Santé tient à informer que des problèmes techniques sont survenus lors de la production du rapport journalier du 8 décembre, ce qui a généré des incohérences au niveau du nombre total des tests et des personnes testées positives. Face à ce constat, le rapport journalier du 8 décembre a été enlevé du site Open Data.

Les démarches requises pour remédier au problème sont actuellement en cours. Pour ces mêmes raisons, le rapport journalier du 9 décembre ne sera pas non plus publié.

Les rapports journaliers concernés seront mis en ligne dès que les problèmes auront été résolus.

Les équipes du Monitoring travaillent quotidiennement à l’amélioration des données afin de rendre des informations de qualité accessibles au grand public.

Back to Top
CIM LOGO