Weltdag ouni Tubak88.000 Lëtzebuerger, déi iwwer 16 Joer al sinn, fëmmen all Dag

RTL Lëtzebuerg
Virun allem déi Jonk bis 35 Joer. D'Zuele sinn also weider verhältnesméisseg héich. Sou eng TNS Ilres Etüd, déi d'Fondation Cancer an Optrag ginn huet.

Um Méindeg um Weltdag ouni Tubak mécht d'Fondatioun de Point a rappelléiert déi grave Konsequenzen, déi den Zigarette-Konsum kann hunn.

Weltdag ouni Tubak / Reportage Nadine Kremer

135.000 Residente fëmmen, also méi wéi ee Véierel vun der Bevëlkerung. 17% zéie souguer all Dag un der Zigarett. Domat sinn d'Zuelen op esou engem héijen Niveau wéi fir d'lescht viru 15 Joer.

2019 war et eng bedeitend Hausse ginn, ma d'Fondation Cancer hat gemengt, dat Phänomen wier eemoleg, esou d'Direktesch Lucienne Thommes. Ma deem war net sou. E Problem wier, datt mat der Pandemie de Fokus e bësse vum Tubak ewechgeréckelt wier:

"Par contre gëtt massiv weider vun der Tubaksindustrie indirekt oder verstoppt Reklamm gemaach, besonnesch op deene Reseauen, wou déi Jonk sinn. Dat heescht si ginn nach ëmmer weider domat bombardéiert 'Fëmmen ass cool, fëmmen ass in'."

Den Ament fëmmen ëmmer nach méi Männer. Mee bei de Frae klëmmt d'Zuel konstant. An de leschte 5 Joer ass de Prozentsaz vun 18 op 25 gaangen. Besonnesch staark ass d'Zuel bei de Persounen am Alter vu 25-34 Joer geklommen. D'Fëmmerten ënner 35 Joer maachen 1/3 aus. Dës Zuel stagnéiert op héijem Niveau.

"2020 ass vläicht esou héich bliwwen, well mir do Covid haten. Well eben ee psychologeschen Drock op deene Jonke laascht. Et ass jo och net flott, an dësen Zäite Student ze sinn oder op der Schoul ze sinn. Do si mer eis all eens."

Bei de Jonken ass och de Konsum vu Shishaen immens beléift, Tendenz no uewen.

Generell gesinn ass am Verglach zum leschte Joerzéngt d'Zuel u Fëmmerten an allen Alterskategorie geklommen, ausser bei Persounen tëscht 45 a 54 Joer.

D’Hallschent vun de Fëmmerte ginn un, dass se wëllen ophalen. Virun 20 Joer waren et der nach 60%. Dat weist, datt dat neit Tubakgesetz vun 2017 keng Friichte gedroen huet, seet d'Fondation Cancer.

D'Direktesch betount och, dass vill Fëmmerte besonnesch schwéier Verleef bei Corona-Erkrankungen haten. Dofir wier grad elo e gudde Moment, fir iwwer d'Gefor vum Tubak ze schwätzen.

"D'Leit si vill méi sensibiliséiert op eng Gesondheet a wat et bréngt, gesond ze liewen. Ech mengen, mir mussen als Societéit esou wäit kommen, dass mir soen „Mir hätten dat gär“. Ech mengen, dann ass et fir ee Gouvernement och méi einfach dat duerchzesetzen."

Gefuerdert gi méi Moossnamen, zum Beispill Punkto Präventioun. Dat net nëmmen an der Grondschoul an am Lycée, mee och op der Uni, well grad dës Altersgrupp méi fëmmt wéi den Duerchschnëtt vun der Bevëlkerung. Wichteg wieren och e komplett Publicitéitsverbuet a wierklech neutral Zigarettepäck. De gréisste Problem wier awer den nidderege Präis, esou d'Lucienne Thommes:

"Firwat hunn d'Fransousen esou een héijen Tubakspräis. Do gouf ganz kloer d'Rechnung gemaach a gesot, alles, wat den Tubak verursaacht vu Krankheeten, vu fréiem Doud asw. kascht eis méi deier, wéi wat eis d'Tubakssteieren erabréngen. Zu Lëtzebuerg ass dat awer leider net esou. Duerch all eis Frontalieren, den Tubaktourismus, dee mir hunn, kréie mir ebe méi Suen, wéi, wat dat eis kascht."

Den Tubakkonsum géif sech an déi falsch Richtung entwéckelen. Dofir missten dës Mesuren, déi zanter Jore gefuerdert ginn, ëmgesat ginn. Am Ausland géif et plazeweis méi streng Moossname ginn an do géife se och gräifen, esou d'Fondatioun weider.

Schreiwes

31 mai 2021 - Journée mondiale sans tabac: « Ne laissez pas le tabac vous couper le souffle ! »

Communiqué par: ministère de la Santé

La Journée mondiale sans tabac est l'occasion pour le ministère de la Santé, en partenariat avec l'Organisation mondiale de la Santé (OMS), d'informer et de sensibiliser la population aux effets nocifs et mortels du tabagisme actif et passif.

Selon l'OMS, le risque de tomber gravement maladie du COVID-19 et d'en mourir est jusqu'à 50% plus élevé pour les fumeurs que pour les autres.

"Arrêter de fumer est donc la meilleure chose que les fumeurs puissent faire pour réduire à la fois leur risque de maladie COVID-19 grave et leur risque de développer un cancer et des maladies cardiaques et respiratoires.", a souligné la ministre de la Santé, Paulette Lenert. « Ne laissez pas le tabac vous couper le souffle ! »
Conformément au thème de l'OMS pour 2021 « S'engager à arrêter », le ministère réitère son appel aux fumeurs et fumeuses qui souhaitent réduire ou arrêter de fumer, à prendre part au Programme d'aide au sevrage tabagique. Ce programme mis en place en 2008 en collaboration avec la Caisse nationale de santé (CNS) pour aider et encourager les personnes qui souhaitent arrêter de fumer, offre un accompagnement du fumeur lors de son sevrage par un professionnel de la santé et rembourse partiellement les traitements médicamenteux et les produits de substitution éventuellement nécessaires (plus d'informations sur www.tabac-stop.lu).

1 an d'arrêt tabagique = 50% moins de risque d'un infarctus du myocarde
Le ministère de la Santé tient aussi à rappeler que l'arrêt du tabac est bénéfique à tout âge :
• dès 48 heures d'arrêt, le corps est mieux oxygéné et la fonction respiratoire s'améliore ;
• après 1 an d'arrêt, la respiration est redevenue normale et le risque d'infarctus du myocarde est réduit de moitié ;
• après 10 ans d'arrêt, le risque de mourir d'un cancer du poumon est réduit de moitié par rapport à celui d'un fumeur ;
• après 20 ans, le risque est redevenu celui d'un non-fumeur.
Dans cette optique, le Luxembourg poursuit ses efforts dans la lutte antitabac par la mise en œuvre d'actions spécifiques décrites dans le Plan National de Lutte contre le Tabac (PNLT) validé par le Conseil de Gouvernement pour la période 2016-2020.

Le tabac est la première cause de mortalité prématurée et évitable dans le monde. L'épidémie du tabac tue environ 8 millions de personnes chaque année dans le monde. Plus de 1,2 millions d'entre elles sont des non-fumeurs, involontairement exposés à la fumée du tabac. Au Luxembourg, nous comptons environ 1000 morts par an des suites des maladies liées au tabac, dont 80 personnes suite au tabagisme passif.

Back to Top
CIM LOGO