Alkoholkontrollen848 Automobiliste hu geblosen bei 6 Kontrollen um Freideg, 3 Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet d'lescht Nuecht Alkoholkontrolle gemaach, déi vum Parquet ordonéiert waren.

Tëscht 18 an 22.30 Auer goufen d'Chaufferen zu Ëlwen, zu Wäiswampech an zu Klierf kontrolléiert. Tëscht 23.15 a 3.30 Auer dunn am Eecher Bierg, an der Lonkecher Strooss an zu Hesper an der Diddenuewener Strooss.

Am Ganzen hunn 848 Automobiliste misste blosen.

Den Test war an 9 Fäll positiv. D'Beamten hunn dräi Führerschäiner op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO