
Dësen héijen Taux géif sech Statec no doduerch erklären, dass d'Vertrauen an d'Wëssenschaft grouss wier. Dat sote mol 3/4 vun de Befroten. 13% Prozent wëlle sech iwwerdeems net impfe loossen.
Donieft hunn 72% vun de Persounen am Kader vun dëser Enquête uginn, dass si de Mask ëmmer unhunn, wa si ënner Leit ginn. 1,7% vun de Befroten hunn uginn, dass si dat ni maachen.
