Gratis Mëttegiessen an der Schoul80% vun de Schüler am Fondamental an 20% am Lycée kéinten dovunner profitéieren

RTL Lëtzebuerg
Dat präziséiert den zoustännege Minister Claude Meisch an der entspriechender Kommissioun.
© RTL Archiv

Den Educatiounsministère geet dovunner aus, datt 80% vun de Kanner am Fondamental an 20% vun de Schüler a Schülerinnen am Lycée vum geplangte gratis Mëttegiessen an der Schoul profitéiere wäerte kënnen.

Déi Aschätzung huet de Claude Meisch, dem Chambersite no, e Mëttwoch an der zoustänneger Kommissioun ginn. Et géifen also zwee verschidde Berechnungsmodussen applizéiert ginn.

Dem DP-Minister no, géif dat dorunner leien, well een d'Mesure sou séier wéi méiglech wéilt ëmsetzen. D'Hëllef soll den 1. Januar a Kraaft trieden. Am Staatsbudget sinn eng 20 Milliounen Euro virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO