
Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 51 Prozent si Männer a 49 Prozent si Fraen.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 8 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.923. Vun den Infizéierte sinn der 3.175 Residenten.

Vun den 3.923 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.682 geheelt, 137 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 59.987 Tester gemaach, 1.260 Tester goufe bannent de leschte 24 Stonne gemaach.
Aktuell si 82 (+4) Patienten hospitaliséiert, 11 dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 898 (+3) Mënschen d'Spidol nees verloossen.
De Reproduktiounstaux läit bei 0,997.
