Géint 14 Auer en Donneschdeg de Mëtteg koum et op der N15 zu engem déidleche Verkéiersaccident. Zwee Autoe sinn tëschent dem Heischtergronn a Bidscht op der Kräizung mat der N27 an op der Héicht vun der N12 aneneegerannt. Eng 77 al Automobilistin ass dobäi nach op der Plaz un hire Blessure verscheet. De Chauffer aus dem anere Gefier gouf beim Accident liicht blesséiert.
Am Asaz waren d’Rettungsekippe vu Wolz, dem Alebësch an der Nordstad. Och en Helikopter vun der Air Rescue war am Asaz. Vum Parquet gouf d’Police technique domat beoptraagt, d’Ursaach vum Accident z’ënnersichen. D’Streck war temporär fir d’Rettungs- a Raumaarbechte gespaart.
E Freideg de Moien huet d’Police en Zeienopruff fir den déidlechen Accident op der N15 lancéiert. Wien eppes gesinn oder Informatiounen zu der Kollisioun huet, ass gebieden, sech bei der Police Turelbaach ënner der Nummer 244 85 1000 oder per Mail op police.TURELBAACH@police.etat.lu mellen.