
De Sondage gouf am Juni 2018 vu Quest realiséiert; alles an allem goufe bal 1.200 Leit gefrot, souwuel Där, déi bei der Arméi schaffen, mee och de Grand-public. Dëst äntwert den Defense-Minister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Dan Biancalana.
Wéi et heescht hätten och eng 650 Zaldoten an Arméi-Personal bei deem Sondage matgemaach - d'Participatioun wier fakultativ gewiescht.
D'Enquête hätt gewisen, datt d'reell Aarbecht, d'Wëssen an d'Missiounen vun an iwwert d'Arméi vu Baussen nëmmen minimalistesch wouergeholl ginn. Bannent dem Corps ass et de Wonsch no enger besserer interner Kommunikatioun.
Ouni op déi eenzel Froen am Detail anzegoen, seet de Minister Bausch, datt 72% vun de gefrote Leit gär méi Informatiounen iwwert d'Aarbecht vun der Arméi hätten.
D'Militär als gutt Preparatioun op d'Beruffsliewen - mitigéiert Äntwerten do: 58% soen, datt bannent der Arméi eng Aarbecht geleescht gëtt, déi fir d'Gesellschaft Sënn mécht, dee selwechten Taux vun den Zaldoten seet iwwerdeems, datt si zefridden sinn, fir dierfen eng variéiert Aarbecht bannent dem Corps ze leeschten, mee nëmmen 49% vun de gefroten Arméi-Leit soten, datt et e gudden Ekippegeescht géif um Härebierg ginn.
All dës Resultater vun der Satisfaktiouns-Enquête goufe wéi gesot nëmmen intern bannent der Arméi matgedeelt: als Conclusioune wier decidéiert ginn, besser a méi no baussen iwwert d'militäresch Missiounen z'informéieren.