
E Sonndeg de Moien ass eng Persoun vun 71 Joer no hirer Arrivée am Prisong fir Untersuchungshäftlingengestuerwen. Wéi de Parquet, elo viru Mëtteg an engem Communiqué matdeelt, war d’Persoun e Sonndeg de Moie fréi no engem Sträit mat engem Taxischauffer, deen esou eskaléiert war, datt d’Police geruff gouf, interpelléiert ginn.
Well et e Signalement am Kader vun enger sougenannter “Mesure de contrainte par corps” géint d’Persoun gouf, ass se an de Prisong op den Uerschterhaff bruecht ginn. Bei hirer Arrivée géint 5.30 Auer hätt ee scho gemierkt, datt et der Persoun net gutt géing goen. Si wier direkt an d’Infirmerie bruecht ginn, mä den Zoustand hätt sech just nach weider verschlechtert, heescht et am Communiqué.
De Samu wier geruff ginn, mä all Versich, de Mann ze reaniméieren, wiere schlussendlech ëmsoss gewiescht. De Parquet huet eng Autopsie ordonéiert, fir déi genee Ëmstänn vum Doud ze klären. Donieft gouf och d’Inspection générale de la Police (IGP) mat enger Enquête chargéiert.
Den éischten Informatiounen no géif et keng Indicen, déi op eng Friemawierkung deite géifen, sou de Parquet.