Coronavirus zu Lëtzebuerg7 Tester positiv, d'Zuel vun den Doudesaffer bleift bei 110

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin onverännert bleift.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 7  positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.070.

Vun den Infizéierte sinn der 3.285 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 45 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 106.604 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufen 542 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 31 aktiv Infektioune ginn an 3.929 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 16 Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 1 Patient ass aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 945 Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,850. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO