Dikrech7 Persoune bei Feier an Appartementshaus blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie gouf et e gréissere Pompjeesasaz wéinst engem Brand an engem Appartementshaus zu Dikrech.
Feier an Appartementshaus zu Dikrech
Um Dënschdeg de Moien huet et an engem Appartementshaus zu Dikrech gebrannt, wouduerch et zu gréissere Repercussiounen am Trafic koum

Wéinst deem Asaz war eng Haaptverkéiersachs zu Dikrech fir den Trafic eng Zäit laang komplett gespaart. Betraff war d'Rue de Stavelot. Zanter kuerz no 9.40 Auer ass d'Strooss nees komplett fir de Verkéier fräi.

7 Persoune koume fir eng Kontroll an d'Spidol.

D'Pompjeeë vun Dikrech, Angelduerf, Ettelbréck a Bettenduerf waren op der Plaz, fir d'Feier um 1. Stack vun engem Appartementshaus ze läschen. Am Asaz waren och de Samu Ettelbréck an 2 Ambulanze vun Dikrech.

Back to Top
CIM LOGO