
An de Petitioune gëtt ënner anerem gefrot, datt déi ganz Populatioun soll virum Deconfinement fir de Coronavirus getest ginn.
Eng aner Petitioun schwätzt sech géint en iwwerdriwwene Schutz fir Fliedermais aus. Da gëtt gefrot, fir medezinesch Pedicure vun der Krankekeess z'iwwerhuelen. "Ons nei Heemecht" ass eng Petitioun vum Sabine a vum Serge Tonnar-Stoltz iwwerschriwwen, an där gefrot gëtt, datt d'Liewensqualitéit, d'Solidaritéit, d'Gesondheet an d'Nohaltegkeet als politesch Prioritéiten dekretéiert ginn. Da gëtt eng Prime fir d'Salariéë gefrot, déi wärend der Corona-Kris am Sécherheetsdéngscht schaffen. E weidere Petitionär wënscht sech en nationale Referendum iwwert de 5G an et gëtt nach eng legal Basis gefuerdert fir en obligatoreschen Télétravail op mannst eemol d'Woch.
D'Petitioune si bis de 25. Juni online, gi se bis dohinner 4.500 mol ënnerschriwwen, da gëtt ëffentlech driwwer debattéiert. Well wéinst dem Coronavirus grouss Rassemblementer verbuede sinn, kann een d'Petitiounen den Ament net op der Hand ënnerschreiwe goen. Wann den Noutstand eriwwer ass, gëtt dës Method erëm nieft der Ënnerschrëft iwwert de Site agefouert.
