Coronavirus zu Lëtzebuerg7 nei confirméiert Fäll, keng weider Persoun gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 104 bleift.

Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 51 Prozent si Männer a 49 Prozent si Fraen.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 7 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.930. Vun den Infizéierte sinn der 3.179 Residenten.
D’Zuel vun Hospitalisatiounen wéinst dem Virus ass vun 82 op 73 gefall. Allerdéngs si 4 Persoune méi op der Intensivstatioun an zwar 15 elo.

900 Leit, déi de Virus haten, konnten d’Spidol rëm verloossen. Also 2 méi wéi um Freideg.

Den Iwwerdroungstaux bleift bei 0,997. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 60. 246 Tester gemaach, 259 Tester goufe bannent de leschte 24 Stonne gemaach.

Back to Top
CIM LOGO