
D'Beamten hunn d'Vitess am Tunnel Grouft op der A7 a Richtung Stad gemooss. Donieft war am Tunnel Gousselerbierg e mobille Radar am Asaz. Am Ganzen hu sech 601 Chaufferen net un déi virgeschriwwe Vitess vun 90 Kilometer an der Stonn gehalen. De mobille Radar hat 553 Vitessiwwerschreidunge gemooss.
47 Persoune kruten en Avertissement taxé, 16 vun hinne missten 145 Euro bezuelen a waren 2 Punkten op der Plaz lass. Si waren iwwer 25 km/h ze séier.
31 Protokoller goufen et iwwerdeems an Héicht vun 49 Euro, well d'Chauffere bis zu 25 km/h ze séier duerch den Tunnel gefuer sinn.
Eng Persoun huet hire Permis missen ofginn a krut e provisorescht Fuerverbuet.
Donieft goufen et nach eng Partie aner Protokoller. A 6 Fäll wéinst der Beliichtung (74 Euro), eemol war de Kannersëtz net richteg installéiert (49 Euro), eng Persoun hat kee reglementéieren Helm un (145 Euro an 2 Punkten), 6 Leit hate kee Fürerschäin dobäi (24 Euro), ee Chauffer huet iwwerholl, obwuel et op där Plaz verbuede war (145 Euro an 2 Punkten), eng Kéier waren d'Autospabeieren net komplett (75 Euro), 1 Automobilist hat de Gurt net un (145 Euro an 2 Punkten) an eng Kéier gouf d'Charge net richteg geséchert (250 Euro). Donieft gouf nach 1 Gefier, dat keng gëlteg Versécherung hat, op Uerder vum Parquet saiséiert.