Äntwert op parlamentaresch Fro600 méi Medezinner am Joer 2017, wéi am Joer 2007

RTL Lëtzebuerg
Wéi vill Medezinner et aktuell am Land ginn, ass net genee gewosst, mä am Joer 2017 waren et 2.088, déi aktiv praktizéiert hunn.

Dëst si knapp 600 Doktere méi, wéi nach am Joer 2007.

Bannent 10 Joer sinn also 600 Medezinner bäi komm, dëst sinn 150 Generalisten, eng 290 Spezialisten an 160 Zänndokteren.

Dës Chifferen, wéi gesot op d'Joer 2017 zeréckgekuckt, liwwert d'Santésministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen, deen och no engem Opschlëssele vun Dokteren no Fachrichtung gefrot hat.

Dëst kann de Ministère awer aktuell net liwweren.

D'Ministesch preziséiert awer, datt aktuell géif de registre professionnel vun den Dokteren adaptéiert ginn, sou datt et soll méiglech sinn, eng quantitativ Oplëschtung vun de Medezinner ze maachen, déi an Zukunft gebraucht ginn.

Back to Top
CIM LOGO