
Ganz vill Leit am Land si gewëllt a bereet, fir hir Haiser a Proprietéite protegéieren ze loossen.
Bannent de leschte 5 Joer goufe vu Privatleit net manner wéi 600 Demandë gestallt, fir datt hir Gebailechkeeten ënner Denkmalschutz gesat ginn.
Dee Chiffer nennt d'Kulturministesch Tanson op eng parlamentaresch Fro vum ADR Deputéierte Fred Keup.
D'Zuel vun den Demanden ass permanent iwwert d'Joren an d'Luucht gaangen: 2016 waren et der 80, zejoert goufen et ewell 180 Ufroen.
Mat 90% goufe bal all Demandë positiv aviséiert, sou datt déi dëst Joer protegéiert sinn.
D'Prozedur fir op den Inventaire supplémentaire ze kommen dauert an der Moyenne en halleft Joer, fir als "Monument national" klasséiert ze ginn, dauert d'Prozedur awer bis zu 2 Joer.