
Kuerz viru 6 Auer moies krut eng Patrull an der Rue d'Audun zu Esch/Uelzecht d'Virfaart geholl. Wéi sech bei enger uschléissender Kontroll erausgestallt huet, ass de Chauffer ënner Alkoholafloss gefuer. Hien huet säi Permis missen ofginn.
Um Boulevard Prince Henri zu Esch war e puer Stonne méi fréi eng Persoun däitlech ze séier a Richtung Rue du 1er Mai ënnerwee. D'Gefier konnt vun der Police gestoppt ginn. De Chauffer hat en Drogen- an Alkoholtest verweigert, obwuel Alkoholafloss a méiglechen Drogekonsum festgestallt goufen. Als Konsequenz krut hien de Permis ofgeholl, eng Plainte gouf gemaach.
Um Wandhaff goufen der Police géint 3.20 Auer e puer Jonker um Terrain vun enger Bensinsstatioun gemellt, déi sech donieft géinge behuelen. Wéi sech erausgestallt hat, hat eng Persoun, déi mam Auto do war, den erlaabten Héchstwäert un Alkohol am Blutt iwwerschratt. Hie war säi Fürerschäin nach op der Plaz lass a krut e provisorescht Fuerverbuet.
Eng weider Kéier huet d'Police misse um Wandhaff intervenéieren, wéi e Won ëm 1.30 Auer mat ze héijer Vitess a Richtung Käerch ënnerwee war. D'Gefier gouf an der Rue de Steinfort gestoppt, den Alkoholtest ass positiv ausgefall. De Fürerschäi war de Chauffer lass.
Wéi d'Nationalstrooss zu Schengen opgrond vum Héichwaasser an dem Waasserpeegel vun der Musel, deen um klamme war, huet misse gespaart ginn, si Polizisten op e Gefier gestouss, dat an där Zon stationéiert war. D'Beamten hunn e puer Mol versicht, de Mann hannert dem Steier waakreg ze maachen. Och hei hat de Chauffer Alkohol consomméiert. Hie krut de Permis ofgeholl, e Fuerverbuet gouf ausgestallt.
E weidere Fürerschäi gouf zu Miersch géint 2.20 Auer agezunn. Och hei war Alkohol am Spill.
Kuerz no Hallefnuecht gouf der Police en Automobilist op der A4 gemellt, deen am Zickzack ënnerwee war a bal an en Accident verwéckelt war. D'Resultat vum Alkoholtest war positiv, de maximalen zougeloossenen Héchstwäert gouf iwwerschratt. Well den zweeten Alkoholtest net konnt um Policebüro duerchgefouert ginn, huet hie misse fir eng Bluttprouf an d'Spidol. Eng Plainte gouf gemaach, de Mann hat schonn e Fuerverbuet.