Auto géint Bam6 Persoune bei Accident zu Reisduerf blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 1 Auer an der Nuecht koum et zu Reisduerf an der Rue de l'Our zu engem Accident.
© CIS Reisduerf

De Chauffer ass am Agang vu Reisduerf an enger Rietskéier op d'Géigespuer geroden, krut den Trottoir ze paken an ass du mat engem Bam kollidéiert. Déi 6 Persounen, déi am Auto souzen, goufe verwonnt an hu missen an d'Spidol.

Op Uerder vum Parquet gouf den Auto saiséiert. Well déi 6 Persoune wärend der Ausgangsspär ouni Erlabnis ënnerwee waren, goufe si alleguerte protokolléiert.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Reisduerf, Bettenduerf an aus der Fiels. Donieft waren och 2 Ambulanzen aus der Fiels am Asaz, wéi de Samu vun Ettelbréck.

Dann hunn d'Pompjeeën e puer Mol misse wéinst klenge Bränn intervenéieren. Um 21.19 Auer en Donneschdeg Owend goufe si wéinst Damp op engem Daach zu Bieles an d'Rue de France geruff, kuerz no 22 Auer wéinst Dreck, deen zu Gaasperech gebrannt huet, an um 00.13 Auer stoung e Busarrêt zu Zolwer an der Rue de Sanem a Flamen.

Back to Top
CIM LOGO