
D’Kriminalpolice vun Tréier huet d’Eva an Zesummenaarbecht mat der Police aus dem Saarland a Sécherheet konnte bréngen. Am Laf vum Sonndeg Nomëtteg gouf déi jonk Fra der Lëtzebuerger Police iwwerginn.
D‘Eva ass an der Tëschenzäit an engem Lëtzebuerger Spidol a gëtt momentan betreit, schreift hir Mamm eis op Nofro hin. D’Famill ass natierlech erliichtert.
D’Enquête geet awer weider. Et muss iwwerpréift ginn, wat déi genee Ëmstänn vun hirem Verschwanne sinn an ob d’Eva eventuell Affer vu Strofdote gouf.