CGDIS6 Blesséierter bei 5 Accidenter e Sonndeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
2 mol war de Rettungshelikopter am Asaz: um 18.15 Auer um CR308 tëscht Kiemen a Buerschent, wou e Motocyclist gefall war, a kuerz no 19 Auer zu Boxer.

Do gouf et op der Haaptstrooss en Accident mat engem Blesséierten.

Kuerz virun 19 Auer sinn an der rue Albert Ungeheur zu Déifferdeng zwou Persoune bei engem Accident blesséiert ginn.

Zu Munneref an der rue Flammang ass kuerz virun 20.30 Auer en Auto an e Moto gerannt, eng Persoun gouf blesséiert.

An op der route d’Ettelbruck zu Angelduerf huet en Auto sech kuerz no 21 Auer iwwerschloen, och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Kuerz virun 18 Auer hat tëscht Nidderfeelen an Heischent en Auto gebrannt, hei ass awer kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO