
D'50-Euro-Bongen, déi am Kader vun der Corona-Pandemie verdeelt goufen, solle verlängert ginn.
Eng entspriechend Motioun, déi vun der CSV deposéiert gouf, ass en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber ugeholl ginn. Allerdéngs gouf den Datum, deen déi gréissten Oppositiounspartei proposéiert hat, nämlech den 31. Mee, erausgeholl.
Nach gouf keen Datum fixéiert, mee d'Regierung wier bereet, d'Bongen ze verlängeren, huet den zoustännege Minister Lex Delles betount.
Enn Oktober hat de Minister an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro geäntwert, datt bis deen Ament vun den 730.000 Bongen, déi verschéckt goufen, der ronn 68.000 ageléist goufen.
Genee 3 Wochen nodeems d'Regierung nei Aschränkungen am Kampf géingt de Virus decidéiert huet, goufen Haut an der Chamber nei Finanzsprëtze gestëmmt, anerer goufe verlängert. Direkt-Hëllefen, fir Betriber déi schwéier vun der Sanitärer Kris betraff sinn eng Chance ze ginn, iwwer d'Ronnen ze kommen.
Vulnerabel Secteure wéi den Horesca, den Tourismus, den Evenementiel an den Divertissement kënne vun der neier Hëllef profitéieren. D'Lëscht vun de betraffene Beruffer, Aktivitéiten ass impressionant. An ëmmer nees kommen neier bäi: wéi d'Organisatiounen déi berufflech Weiderbildung ubidden. Independant aus dem kulturelle Secteur hätten dogéint hier eegen Aiden.
Entreprisë sollen de Gros vun de lafende Käschten, bis elo emol Enn Mäerz gedeckt kréien. Tëscht 20 an 200.000 Euro de Mount, jee no der gréisst vum Betrib. Eng direkt Hëllef, déi net zeréck bezuelt muss ginn, an déi steierfräi ass. De Staat deblockéiert dofir mam neie Gesätz nach emol eng Enveloppe vun 120 Milliounen Euro.
Eng Chamberdebatten an där d'CSV op Grond vu konkreete Beispiller gefuerdert huet, datt all Betrib, deen obligéiert gouf oder gëtt zou ze maachen, 100% entschiedegt misst ginn. D'ADR huet ënnerstrach, datt si ni derfir war, iwwerhaapt Geschäfter zou ze maachen. Fir déi Lénk feelt eent am Text. Dat Entreprisen déi direkt Staatssubventioune kréien, keng Leit entloossen däerfen. De Grond firwat déi zwee Deputéiert vun déi Lénk sech als eenzeg beim Vott enthalen hunn.
Dëst sinn Aiden, déi elo kënnen ugefrot ginn. An déi séier ausbezuelt solle ginn, sou d'Stéphanie Empain vun déi Gréng. Vill Betriber hätten déi éischt Etappe vun der Kris nach mat Reserven iwwerbréckt. Elo géif d'Loft awer ausgoen.
Eng gutt Nouvelle fir de Secteur vum Horesca ass, datt d'50 Euro Bonge prinzipiell an d'Joer 2021 verlängert ginn. E geneeën Datum gouf nach net festgehalen.
