
E Mëttwoch de Moien huet op der A13 op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz en Auto gebrannt. Mëttes gouf et an der Rue Jean-Pierre Brasseur um Belair eng Dampentwécklung.
Géint 14 Auer huet zu Käerjeng an der Lëtzebuerger Strooss e Gefier Feier gefaangen. Op der Gantebeensmillen gouf et kuerz viru 15 Auer e Feier, well gegrillt gouf.
Zu Jonglënster an der Buerglënster Strooss huet géint 16.30 Auer en Daach gebrannt.
Et blouf iwwerall beim Materialschued.