
Géint 18.15 Auer waren um CR152 tëscht Bech-Klengmaacher a Réimech en Auto an e Motorrad net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf schwéiert blesséiert. D'Pompjeeë vu Réimech a Schengen waren op der Plaz, grad ewéi de Samu an d'Réimecher Ambulanz.
Géint 19.40 Auer ass zu Esch an den Nonnewisen en Auto op der Kopp gelant. Eng Persoun gouf liicht verwonnt. D'Escher Pompjeeën an d'Ambulanz waren am Asaz.
Kuerz viru 20 Auer ass tëscht Gouschteng an Éinen a Motocyclist gefall a gouf liicht blesséiert. D'Pompjeeë vu Fluessweiler an d'Ambulanz vu Mäertert waren op der Plaz.
Géint 21.30 Auer ass zu Téiteng an der Rue de la Fontaine en Auto an eng Mauer gerannt. Och heibäi gouf eng Persoun liicht verwonnt. D'Escher Ambulanz an d'Pompjeeë vu Keel goufen an den Asaz geruff.
An der Nuecht op e Méindeg géint 2.30 Auer ass tëscht Waldbriedemes an Aassel en Auto op der Kopp gelant. Eng Persoun gouf am Auto ageklemmt an huet mussen erausgeschnidde ginn. De Samu, d'Pompjeeë vun Duelem a Mutfert, grad ewéi d'Stater Ambulanz waren op der Plaz.