
Um Val Ste Croix an der Stad huet Gestrëpps gebrannt, woubäi kee verwonnt gouf.
Um Wandhaff hu sech géint 14:40 Auer zwee Autoen ze packe kritt. Hei goufen 2 Persoune blesséiert.
An der Rue des 3 Cantons um Wandhaff sinn zwee Gefierer géint 11.30 Auer net laanschtenee komm. De Bilan sinn zwee Blesséierter.
Op der A4 tëscht Leideleng a Steebrécken sinn e Méindeg am Nomëtteg zwee Autoe kollidéiert. Zwou Persoune goufe liicht verwonnt.