
Aktuell si 45 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn zéng Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 864.030 Impf-Dosisse genotzt. 2.708 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn. 422.453 Awunner gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. Déi aktiv Infektiounen leien den Ament bei 3.203.
Wei ass d'Situatioun an de Spideeler? Dat ass jo am Fong ëmmer di kruziaalst Fro bei der Covid-Entwécklung. Do kann een e Mëttwoch e wéineg berouegen, vu en Dënschdeg op op e Mëttwoch konnten 9 Patienten aus de Klinicken entlooss ginn, 45 sinn elo hospitaliséiert, 10 dovun brauchen intensiv Betreiung, zwee manner wei Dënschdeg.
Bal 500 Neiinfektiounen, e Mëttwoch bei ronn 4.600 Tester, dat ass allerdéngs vill, wann ee bedenkt, dass et am Summer mol net iwwer eng Woch gekuckt souvill positiv Fäll gouf. Vläicht mol intressant d'Situatioun vun haut mam leschte Joer ëm des Zäit ze vergläichen, wou jo nach guer net souvill Leit geimpft waren.
Mëtt November 2020 hate mer op eng Woch gekuckt iwwer 4.000 Neiinfektiounen bei ronn 68.000 Tester, déi éischt Novemberwoch dëst Joer waren et zum Beispill 1.200 nei Fäll. 170 Patienten waren zejoert ëm dës Zäit hospitaliséiert, also bal 4 mol souvill wéi elo. 42 Patiente louchen op der Intensivstatioun, also och 4 mol méi wéi haut. All Dag ginn honnerte vu Leit geimpft, en Dënschdeg waren et der 2.708, sou dass lo am Grand Duché iwwer 422.000 Persounen komplett geimpft sinn. A bei all de plakegen Zuelen net ze vergiessen: zanter dem Ufank vun der Pandemie sinn 859 Leit hei am Land un oder mam Virus gestuerwen.