
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg si 4 Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 859.
Bannent de leschten 72 Stonne gouf et 490 positiv Fäll bei 6.078 Tester. 50 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert, e Samschdeg 191 an e Freideg 249.
Den Ament si 57 Persounen hospitaliséiert (+17), dovunner 12 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 859.096 Impf-Dosisse genotzt.
Aktuell ginn et 2.606 aktiv Infektiounen, 81.273 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.