
Lëtzebuerg huet den däitschen Autoritéiten e 45 Joer ale Mann ausgeliwwert. Dat op Basis vun engem internationale Mandat d'arrêt, dee vun engem Geriicht vun Osnabrück ausgestallt gouf.
De Mann soll fir eng Sexual-Strofdot responsabel sinn. Et bestéing den dréngende Verdacht, datt hien am Mee dëst Joer eng Fra vergewaltegt hätt, heescht et an enger Pressematdeelung vun den däitschen Autoritéiten.
D'Police vun Tréier huet de presuméierten Täter en Charge geholl.