Police41 Infraktioune bei 15 kontrolléierte Gefierer

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem haten d'Chaufferen hir Rouzäiten net agehalen, hir Charge war net richteg geséchert oder d'Gefierer ze schwéier.
© Police

D’Police huet e Freideg de Moien an der Stad Camionen kontrolléiert. 15 Gefierer goufe iwwerpréift an am Ganze goufen 41 Infraktioune festgestallt. Protokoller goufen et ënnert anerem, well d’Chaufferen net genuch gerout haten, well d’Chargen net richteg geséchert waren, d’Camionen ze héich oder ze schwéier geluede waren.

Back to Top
CIM LOGO