Coronavirus zu Lëtzebuerg4 weider Persoune gestuerwen, vun 12.078 Tester waren der 267 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 616 läit.
© RTL

Aktuell si 73 Persounen hospitaliséiert, dovunner 17 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.719 aktiv Infektiounen an 49.994 Persoune gëllen als geheelt.

1.568 Persoune kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 327 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 25.918 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO