Zanter e Freideg4 nei Petitioune sinn op, fir kënnen ënnerschriwwen ze ginn

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Freideg si 4 weider ëffentlech Petitiounen op wärend 42 Deeg, fir kënnen ënnerschriwwen ze ginn.

Eng dovunner freet zum Beispill – mat Bléck op déi rezent Iwwerschwemmungen – fir de Kampf géint de Klimawandel a géint de Verloscht vun der Biodiversitéit als national Prioritéit ze deklaréieren.

Eng aner freet dann, fir d'Recht op Deelzäit-Aarbecht auszebauen. Déi drëtt Petitioun freet, fir ee Sproochen-Test am Däitschen oder Franséischen op de selwechten Niveau ze setze wéi den Test am Lëtzebuergeschen als Critère, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien.

An déi 4. Petitioun fuerdert eng Obligatioun fir Butteker an Epicerien, fir Toilettë fir hir Clienten zougänglech ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO