
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 4 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.016. Vun den Infizéierte sinn der 3.245 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.
Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 74.366 Tester gemaach. Vun e Freideg op e Samschdeg ass dat eng Hausse vun 1.370 Tester, vun deene wéi gesot 4 positiv waren. Duerch de Large-Scale-Testing, deen e Mëttwoch offiziell ugefaangen huet, ass d'Zuel vun den Tester esou däitlech an d'Luucht gaangen.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 87 aktiv Infektioune ginn an 3.815 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell sinn 32 (-2) Patienten hospitaliséiert, 4 dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 924 (+2) Mënschen d'Spidol nees verloossen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,790. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.
