Police4 Déif festgeholl, nodeems se a Butteker an der Stad geklaut haten

RTL Lëtzebuerg
Direkt 3 Persoune goufe verhaft, nodeems se Géigestänn am Wäert vun iwwer 1.000 Euro an engem Akafszenter um Bvd Alphonse Weicker matgoe gelooss hunn.
© AFP-Archiv

Dat ganzt ass e Samschdegowend géint 20 Auer geschitt. Déi geklaute Wuer gouf séchergestallt an déi 3 Onéierlech hunn um Sonndeg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

E weideren Déif ass der Police an der Avenue de la Gare an der Stad an d'Netz gaangen. E Mann hat an enger Drogerie geklaut a war dobäi vu Sécherheetsleit observéiert ginn. De presuméierten Täter wollt flüchten, wat awer net gelongen ass. Och dës Persoun gouf festgeholl a koum bei den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO