CGDIS4 Bränn um Dënschdeg den Owend - Kee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS um Mëttwoch de Moie matdeelt, goufen et um Dënschdeg den Owend uechter d'Land 4 klenger Bränn. Et ass bei kengem e Mënsch blesséiert ginn.

Géint 19.20 Auer stoung zu Béiweng an der Rue de Kockelscheuer eng Heck a Flamen. D'Pompjeeën aus dem Réiserbann waren op der Plaz.

Zu Bouneweg an der Rue de Chicago hat et no 20 Auer an engem Appartement gebrannt. D'Pompjeeën aus der Stad an eng Ambulanz waren am Asaz.

D'Pompjeeë vun Hesper an aus dem Réiserbann goufe géint 20.30 Auer op Fenteng geruff. Wéi den 112 mellt, hat et do an der Rue Pierre Weydert eng Dampentwécklung bei enger Mauer ginn.

Zu Esch an der Cité Dr. Nicolas Schaeftgen hat et géint Mëtternuecht ënnert engem Gullisdeckel gebrannt. Déi Escher Pompjeeë waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO