Et ass e Video, deen an de soziale Medien den Tour gemaach huet. E jonke Mann schléit op de Bus an a menacéiert de Chauffer vum Gefier, well dësen de Mann net eragelooss huet. Am Video héiert ee verschidde Passagéier, déi probéieren, de Mann ze berouegen, respektiv anerer, déi mat dem 113 um Telefon sinn an d'Police alarméieren.
D'Police confirméiert dëse Virfall dann och a schreift, datt si de leschten Donneschdeg géint 16:25 Auer an d'Allée Pierre Mansfeld geruff gi war, well sech do e Mann aggressiv géintiwwer engem Buschauffer verhalen hat. Vergläicht een dann den Hannergrond vum Video mat de Google-Street-View-Opname vun der Plaz, kann ee feststellen, datt et sech ëm dëse Virfall handelt.
Vum Presseservice vun der Police heescht et weider, datt de Chauffer de jonke Mann net wollt mathuelen, well dëse säin E-Scooter*, deem seng Batterie wuel platt war, mat an de Bus wollt huelen. Doropshi wier de Mann ausgeflippt an hätt e puer Mol widdert de Bus geschloen. D'Beamten, déi op d'Plaz koumen, konnten de Mann du berouegen a keng vun de betraffene Persoune wollt eng Plainte maachen. De Bus wier der Police no och net beschiedegt ginn. Datt d'Beamten op d'Plaz koumen, ass am Video op de soziale Medien net méi ze gesinn.
Och de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt confirméiert, datt et op der Linn 23 a Clausen zu dësem Virfall koum. Dëse Bus gehéiert zwar zum stättesche Reseau, ass awer zu deem Ament vun engem Sous-traitant gefuer ginn, esou de Schäffe weider. Anescht wéi d'Beamte vun der Police an hirem Bericht schwätzt de Patrick Goldschmidt awer net vun engem E-Scooter oder E-Roller, mä vun engem Motorrad, esouguer mat Verbrennungsmotor. Déi Informatiounen hätten d'Responsabel an der Märei esou vum Chauffer kritt. De Chauffer hätt och wéinst dem Motorrad de Mann net an de Bus gelooss, wat dësen offensichtlech "net esou appreciéiert huet".
Am Bus gëtt et e Knäppchen, deen de Chauffer kann drécken, fir direkt mat der Zentral a Verbindung ze trieden, déi dann och d'Police alarméiert, fir op d'Plaz ze kommen. Och wa kengem Mënsch eppes geschitt ass, sinn dëst Situatiounen, "déi mer net gären hunn". De Patrick Goldschmidt gëtt dann och ze bedenken, datt esou en Tëschefall mat esou enger aggressiver Persoun net agreabel fir de Chauffer an d'Passagéier am Bus ass.
D'Chaufferen, déi fir d'VDL am Asaz sinn, kréie Formatiounen, fir richteg op esou Situatiounen ze reagéieren an ze deseskaléieren. An den Ae vum Patrick Goldschmidt huet de Mann hannert dem Steier vum Bus richteg reagéiert.
Esou eng Situatioun, déi esou eskaléiert wéi déi hei, kënnt am Reseau vun der Stad net esou dacks vir. Ma d'Buschauffere ginn awer ëmmer mol nees verbal aggresséiert oder tëscht Passagéier brécht e Sträit aus. "Physesch Aggressiounen hu mer esou ëm déi 10 bis 12 pro Joer. Dat sinn der 10 bis 12 ze vill", gëtt de Mobilitéitsschäffe vun der Stad Lëtzebuerg ze bedenken. Och wann et der am Verglach mat der Gesamtzuel vu Passagéier "net vill" sinn, muss een hei "mat null Toleranz fueren". De Patrick Goldschmidt stellt och fest, datt d'Aggressiounen an de leschte Joren an d'Luucht gaange sinn.
De responsabele Schäffe fir d'Mobilitéit um Reseau vun der Stad ënnersträicht am RTL-Interview nach eng Kéier, datt de Chauffer d'Saach an dësem Fall gutt gemaach hätt, well hie séier der Zentral Bescheed ginn huet. Op d'Fro zu Mesuren erwäänt de Patrick Goldschmidt och nees d'Formatioune fir d'Chaufferen an erkläert, datt am Tram och elo Sécherheetspersonal op verschiddene Linnen agesat gëtt. "Do musse mer elo analyséieren, wat dat bréngt", seet den DP-Politiker, deen awer och ze bedenke gëtt, datt een net an all Bus an der Stad e Sécherheetsbeamte mat u Bord kann hunn.
Esou Tëschefäll, wéi deen hei, wieren dann awer relativ rar am Raum vun der Stad Lëtzebuerg: "Esou eppes wéi dat doten, hunn ech nach net oft gesinn. Mä et kënnt emol vir."
*Ëm wéi eng Zort E-Scooter et sech handelt, krute mer bis ewell nach net confirméiert.